Verwuerelter

Partner Content.

Verwuerelter

Print
Serves: 34 Verwuerelter Prep Time: Cooking Time:
Nutrition facts: 200 calories 20 grams fat
Rating: 5.0/5
( 3|3 voted )

Ingredients

  • Fir d'Verwurrelter:
  • 270 g Miel Le Moulin Pâtisserie Bio
  • 75 g Botter, Raumtemperatur
  • 50 g Zocker
  • 2 Eeër
  • 1 Zoppeläffel Vanill-Extrakt
  • 50 ml Ram
  • 1 ½ Téiläffel Bakpolver
  • 1 ½ Téiläffel Kanéil (optional)
  • Eng Prise Salz  
  • Fir ze frittéiere:
  • Planzlechen Ueleg
  • Fir ze zerwéiere:
  • Pudderzocker
  • Kanéil

Instructions

  1. Gidd de Botter an den Zocker an eng Schossel an veréiert se bis dat et cremeg ass. Gidd een Ee nom aneren dobäi an réiert kräfteg dotëscht. Gidd den Vanill-Extrakt bei an réiert nees kräfteg.
  2. Mixt d'Miel, d'Bakpolver, d'Kanéil an d'Salz enger separater Schossel.
  3. Gidd den dréchene Mix bei den naasse Mix a réiert alles zu engem glaten Deeg.
  4. Leet den Deeg op eng agemielte Surface a rullt en a Form vun engem Rechteck vun ongeféier 35 x 20 cm.
  5. Schneit den Rechteck den Längt no an zwee a schneit dann aus all Hallschent 17 Sträifen vun 10 x 2 cm.
  6. Macht e Knuet an all Sträif a leet en op d'Säit.
  7. Heizt den Ueleg an enger grousser Pan oder engem Frittendëppen op ronn 180°C
    Frittéiert e puer Kniet op eng Kéier fir ongeféier 4 Minutte bis dat se goldeg-brong sinn.
  8. Huelt Kniet mat engem groussen gelächerten Läffel aus dem Ueleg a leet se op en Teller mat Kichepabeier fir ze ofzedrëpsen.
  9. Mescht e bessen Knéil ennert den Pudderzocker.
  10. Nodeems d'Verwurrelter ofgedrëpst aer nach waarm sinn, gidd se an eng grouss Schossel a street den Pudderzocker driwwer.
  11. Am beschte schmaachen se frësch.

Entdecken Sie mehr auf der Website von LE MOULIN! 

www.lemoulin1704.lu

Schnellnavigation [hide]

Heute angesagt

Newsletter Anmeldung
Media-Partner

Auch lesenswert